MUSEK

Flavio Pierotti small newFlavio Pierotti

De Flavio Pierotti ass de 14. Juni 2000 gebuer a wunnt bis haut zu Suessem.

Et ass dann och zu Suessem wou hien och seng schoulesch Karriär an der Primärschoul ugefaangen huet.

2012 huet hien säin Enseignement Secondaire am Lycée Hubert Clément zu Esch ugefaange fir 2016 an de Lycée de Garçons Esch ze wiesselen,wou hien seng dräi läscht Joer mat engem Schwéierpunkt op Musek ofgeschloss.

Iwwert Joren huet de Flavio bei deene verschiddenste Leit Coursë beluet, wéi zum Beispill beim Joël Bly, Serge Kettenmeyer, Claude Clement, Pascal Schumacher an nach villen aneren. Wärend dëser Period huet hien och u sëllege Masterclassen bei renomméierte Leit deel geholl, wéi zum Beispill beim Frank Aghulon, Emmanuel Séjourné, Jochen Schorer, Quatuor Beat, Stephen Melillo a Janvan der Roost.

De Flavio ass e passionéierten Orchester-Musikant, dee bis 2023 Member vun der Brass Band vum Escher Conservatoire war a bis haut senger éischter Musik, der Suessemer Musek trei ass.

Ganz engagéiert, huet de Flavio bei diversen, méi spezielle Geleeënheeten säin Talent gewisen. Dozou gehéieren ënnert anerem den "Drummer Days 2020", dee vun der Musekschoul Déifferdeng organiséiert gouf an den "Summer Orchestra Luxembourg", dee vu passionéierte Musikanten a Musikantinnen organiséiert gëtt. Doriwwer eraus huet de Flavio 2019 um "Side by Side", engem Stage dee vum Orchestre Philharmonique Luxembourg organiséiert gëtt, deelgeholl.

Zu senge besonnesche Meritte gehéiert de Prix d’encouragement culturel vun der Gemeng Suessem deen hien 2020 iwwerreecht kritt huet.

Dem Flavio ass et nach ëmmer wichteg sech weider ze bilden an ze diversifiéieren, firwat hie verschidde Musekscoursen am Staater an am Escher Conservatoire besicht. Dozou gehéiere Batteriescoursen a Coursen iwwer d'Museksoftwär "Ableton" beim Här Niels Engel, Jazz-Batterie beim Här Rainer Kind, Orchestratiouns- an Instrumentatiounscoursen beim Här Romain Zante, souwéi Directiounscoursen beim Här Jean-Claude Braun.

De Start an säi Beruffsliewen hat de Flavio 2021, wéi hie Perkussionist an der Musique Militaire Grand-Ducale du Luxembourg ginn ass. Donieft ass hie säit November 2022 Chef vun der Téitenger Musek.