AGENDA
Koméidistéck an 3 Akten
vum Bernd Spehling
iwwersat vum Roby Zenner
an der SCHUNGFABRIK zu Téiteng
Ufank: 20.00 Auer I Entrée: 10 €
Regie: Karin Wampach-Schmit
Résumé:
De "Schampes-Express" ass en Zuch mat Schampesbuvette, dee vu Lëtzebuerg op Wien fiert. Gutt situéiert Passagéier fuere mat an et rabbelt ferm an der Kees vum Bordbistro. E Raiberduo mengt, datt dat e Kannerspill gëtt fir de Bordbistro ze iwwerfalen an um eenzegen Tëschestopp mat de Suen ze verschwannen.De "Schampes-Express" ass en Zuch mat Schampesbuvette, dee vu Lëtzebuerg op Wien fiert. Gutt situéiert Passagéier fuere mat an et rabbelt ferm an der Kees vum Bordbistro. E Raiberduo mengt, datt dat e Kannerspill gëtt fir de Bordbistro ze iwwerfalen an um eenzegen Tëschestopp mat de Suen ze verschwannen.
Awer genee dës eenzeg Méiglechkeet den Zuch ze verloossen, fält aus, an d’Raiberkoppel muss improviséieren an sech mat engem onmotivéierten Zuchpersonal erëmklappen. Wéi dës Rees virugeet, dat kënnt Där op eng ganz lëschteg Aart a Weis, Chrëschtdag a Stiefesdag, zu Téiteng an der Schungfabrik!!!! gesinn.
Vill Spaass wënscht d’Theaterequipe an de Comité vun der Harmonie Victoria Téiteng !! 
Et spillen:
Germaine                                   Jessica Schmartz
Bistroserveuse
Rudi Rommel                              Jérôme Schiltz
Raiber
Kati                                               Myrna Tumelero
Raiberin
Tom Fettes                                   Luc Schmartz
Versécherungsmann
Jeanne Gruber-Stockemer       Anne Treinen
Zuchchefin
Här Wischnewski                         Chris Belardi
Schaffner
Maisy Hartung                             Carine Schmartz
Botzfra
Lisa                                                Karin Wampach-Schmit
eeler Dame
Romain Zimmer                           Marcel Zimmer
Polizist
Anny Klein                                    Linda Belardi-Wampach
Polizistin
Prof. Dr. Pierrette Pieper             Vanessa Inferrera
Pathologin
Vëlosfuerer Ben Weiler
an dee klengen Harvey