AGENDA
E Butler um Bauerenhaff
Entrée: 8€
De Virverkaf ass am Zeitungsbuttek "Beim Goofy" vu Méindes, den 8. Dezember un (Tel: 56 53 69)
Regie:
Karin Wampach-Schmit
Résumé:
De Charel Zapp, e klenge Bauer, hëlleft senge Frënn an Noperen a finanzieller Nout, wou et nëmme geet. Fir déi néideg Suen opzedreiwen, erfënnt hie Felder a Kéi, déi hien natierlech net huet, awer d'EU-Subventiounen dofir asäckelt. Wéi de Landwirtschaftsministère awer op säi Bauerenhaff opmierksam gëtt, riskéiert de Bedruch opzefléien. Kann elo nach iergendeen dem Charel hëllefen, fir aus deem Schlamassel erauszekommen? Firwat ass op eemol e Butler um Bauerenhaff, a wat braddelt den Noper Fred do ëmmer vu Kontakt zu Ausserierdeschen? Lëschteg Äntwerten op des an nach aner Froen, kritt Där Chrëschtdag a Stiefesdag zu Téiteng am Veräinshaus. Vill Spaass wënscht d'Theaterequipe an de Comité vun der Harmonie Victoria Téiteng !!
Et spillen:
Charel Zapp (e klenge Bauer) Chris Belardi
Clara Zapp (Schwëster vum Charel) Carine Schmartz
Lorry Mies (Mod um Bauerenhaff) Linda Belardi-Wampach
Rudi Glaser (Paschtouer) Angelo Migliosi
Fred Weis (och Bauer an Noper vum Charel) Jérôme Schiltz
Sylvie Klein (Beamtin vum Landwirtschaftsministère) Karin Wampach-Schmit
Michelle Kauffmann (Nopesch) Jessica Schmartz
Monique Grün (Pensiounsgaascht) Astrid Müller-Belleville
Johann (Butler) Luc Schmartz
Pësperkëscht:
Myrna Tumelero