AGENDA

Neijorsconcert mat Opus78
Samschdes 12 Januar 2019, 20:00 - 23:55

Opus78

D’Big Band OPUS78 (www.opus78.lu), 1978 gegrënnt, spillt an enger traditioneller Big Band Besetzung vu véier Trompetten (Flügelhorn), véier Trombonnen, fënnef Saxophonen (Klarinett a Querflütt) an mat enger Rhythmus-Grupp déi aus Keyboards, Gitarren, Drums a Bass bestinn. Musikalesch Bandbreet vum Ensembel geet vum traditionelle Big Band-Swing, iwwert nei Jazz-Arrangementer bis hin zu Pop a Funk. An de leschte Joer huet OPUS78 grouss Events produzéiert oder co-produzéiert an ass mat bekannte Gréissten aus dem Jazz, Pop a Rock opgetrueden.

 

Special guest, Pol Belardi:

De Pol Belardi huet seng musikalesch Ausbildung am Conservatoire vun Esch ugefaangen, wou hien niewent den theoretesche Fächer Piano, Perkussioun a Bassgittare geléiert huet. Ofgeschloss huet hien säi Studium mat engem Master-Diplom zu Amsterdam. Scho wärend sengem Studium huet hie sech en Numm gemaach mat senger Jazzband Pol Belardi’s Force. Als Komponist huet hie scho Wierker a verschiddene Genren a fir verschidde Besetzungen, vum Trio bis zur Big Band, geschriwwen.

 

Standuert Schungfabrik zu Téiteng