27335256 10156080668306665 1911849835 oGilles Burgund

De Gilles Burgund huet mat 8 Joer am Escher Conservatoire mat der Musek ugefaangen. No engem éischte Präis an der Trompett an der Klass vum Guy Kleren an dem Diplôme Supérieur am Solfège, huet hien sech zu Saarbrécken an zu Mainz op de Musekhéichschoule weider spezialiséiert an 2007 säi Studium als „Diplommusiklehrer" ofgeschloss. Duerno huet hien am Stader Conservatoire en éischte Präis an der Orchesterdirektioun (2010) an an der Jazztrompett (2011) gemaach, an sech an de Fächer Orchestratioun, Jazz Ensemble, Jazz Théorie, Jazz Harmonie a Jazz Geschicht weider spezialiséiert. Donieft huet hien sech ënnert anerem beim renomméierten Dirigent Jan Cober weider perfektionéiert an un ville Stagë fir Orchesterdirektioun an Trompett hei am Land an och am Ausland deelgeholl.
 
Niewent senger Funktioun als Chargé de Cours fir Trompett a Kammermusek an de Musekschoule vun Déifferdeng, Réiden, Péiteng a vun der UGDA, konnt hien a verschiddenen Ensemblen, Orchester a Bigbanden (Opus 78, Orchestre National de Jazz du Luxembourg) weider Erfahrunge sammelen, an duerft bis elo mat Solisten ewéi Jon Lord, Patti Austin, Dee Dee Bridgewater, Paquito d'Rivera, Barbara Dennerlein, Frank Chastenier, Helge Schneider, Candy Dulfer a Richard Bona zesumme musizéieren.
 
Säit 2007 ass hien Dirigent vun der Harmonie Victoria Téiteng.